1. Faire un don
  2. Faire un don en espèces

Kulturhuef a.s.b.l.

Le Musée Kulturhuef à Greven­mach­er combine musée, cinéma et bistro pour promouvoir le patrimoine, la culture et l’inclusion, en offrant des expositions inter­ac­tives, des ateliers et des résidences artistiques accessibles à tous.

104‑2021

Musée Kino Bistro

En 2000, l’ancien abattoir de Greven­mach­er a reçu, sous le nom de « Kulturhuef », une nouvelle mission centrée sur le triptyque culture, patrimoine et inclusion.

Le projet s’est développé avec une offre culturelle unique à l’échelle nationale : un musée avec deux expositions permanentes, un cinéma au programme varié et un bistro avec grande terrasse, tous situés au bord de la Moselle, au cœur de la Grande Région.

Dès sa création, le Musée Kulturhuef s’inscrit dans une dynamique de patrimoine vivant, tout en restant dans le flux permanent du progrès.

L’exposition Jean Dieudonnée met l’accent sur le patrimoine national à travers l’histoire de la fabrique de cartes à jouer de la famille Dieudonné à Greven­mach­er. Cette exposition captivante séduit petits et grands.

L’exposition Gutenberg Revisited, entièrement réaménagée en 2018, retrace l’histoire de l’imprimerie avec de nombreux objets, une frise chronologique claire et des textes en trois langues. L’interactivité y est au cœur de l’expérience : le visiteur peut découvrir de manière mul­ti­sen­sorielle le métier d’imprimeur et imprimer un souvenir sur l’une des deux presses historiques. Cette exposition continue d’évoluer et, depuis 2021, de nouvelles visites guidées adaptées aux enfants et trois nouvelles stations ont été ajoutées pour enrichir l’expérience.

La mission du Musée Kulturhuef est de créer un espace culturel accessible à tous. Depuis sa création, le musée est gratuit et propose chaque dimanche des visites guidées gratuites dans l’une des deux expositions. Des ateliers pour enfants et adultes sont proposés à tarifs sociaux dans le cadre de sa mission pédagogique. Le musée développe également une plateforme pour les artistes : les œuvres créées en résidence sont exposées dans l’ExpoCube, offrant aux visiteurs l’opportunité de voir les artistes travailler et d’échanger avec eux.

Le Musée Kulturhuef fait partie du réseau des 7 musées du Miselerland et participe chaque année aux Journées des Musées du Luxembourg. Il est également représenté dans le réseau des musées lux­em­bour­geois et au niveau inter­na­tion­al via l’AEPM.

Toute con­tri­bu­tion financière est la bienvenue afin de soutenir l’offre culturelle étendue et l’évolution permanente du Musée Kulturhuef.

Musée Kino Bistro

Am Joer 2000 krut dat fréiert Schluechthaus zu Gréi­we­maach­er ënnert dem Numm Kulturhuef“
eng nei Missioun déi sech em d’Dräierges­pann Kultur, Patrimoine an Inclusioun dréint.


De Projet huet sech mat enger kultureller Offer entfaalt, déi een um nationale Plang esou nëmmen
eemol fënnt: e Musée mat 2 permanenten Ausstel­lun­gen, e Kino mat engem villsäitege Programm
an e Bistro mat grousser Terrass fannen hier Platz direkt un der Musel am Häerz vun der
Grouss­re­gioun.


De Kulturhuef Musée steet vun Ufank un am Zeeche vun engem liewege Patrimoine awer och am
permanente Floss vum Progrès.


D’Ausstel­lung Jean Dieudonnée fokusséiert den nationale Patrimoine duerch d’Geschicht vun der
Spillka­arte­man­u­fak­tur vun der Famill Dieudonné zu Gréi­we­maach­er. Dës flott Ausstellung
faszinéiert Grouss a Kleng.


D’Ausstel­lung Gutenberg Revisited ass 2018 komplett nei amenagéiert ginn a behandelt
d’Geschicht vum Buchdrock mat villen neien Objeten, enger iww­er­si­ichtlech­er Timeline an Texter
an dräi Sproochen. Och an dëser Ausstellung gouf op Inter­ak­tiv­itéit gesat an de Visiteur ka selwer
eng mul­ti­sen­soriell Erfarung vun engem Drécker maachen an op enger vun den 2 his­toreschen
Handpressen e Souvenir drécken a mat heem huelen. Dës Ausstellung evoluéiert och weiderhin
an d’Visiteure kënnen sech säit 2021 och op nei Guidagen a Sprooch a Verständnis extra op eis kleng
Visiteuren adaptéiert an op dräi nei Statioune freeën.


De Kulturhuef Musée gesäit seng Missioun an dem Schaffe vun engem kulturelle Raum fir
jiddwereen, dofir ass de Musée säit sengem Bestoe gratis an all sonndes gi gratis guidéiert Visitten
duerch eng vun den zwou Ausstel­lun­gen organ­iséiert. Och Ateliere fir Kanner an Erwuessener mat
soziale Präisser ginn als Deel vun der ped­a­gogesch­er Missioun vum Musée ugesinn. Weiderhi
gesäit de Musée d’Schaffe vun enger Plattform fir Kënschtler als integralen Deel vu senger
musealer Missioun. D’Wierker aus dëse Residenze ginn am ExpoCube vum Musée ausgestallt an
de Visiteur huet d’Geleeën­heet de Kënschtler beim Schaffen iwwert d’Schëller ze kucken a mat
hinnen an d’Gespréich ze kommen.


De Kulturhuef Musée inter­agéiert als Deel vum Netzwierk vun de 7 Muséeën am Miselerland an
organ­iséiert all Joer e flotte Programm fir d’Lux­em­bourg Museum Days mat. Och am Netzwierk
vun de Lëtze­buerg­er Muséeën an beim inter­na­tionalen Netzwierk AEPM ass de Kulturhuef
vertrueden.


Mir freeën eis natierlech iwwert all finanziell Ënner­stëtzung, duerch déi mi kënnen déi grouss Offer
a permanenten Evolutioun vum Kulturhuef Musée weiderfeieren.

L’agrément n°2021/104 Kulturhuef a.s.b.l. a été décerné par le comité directeur du Fonds culturel national lors de sa réunion du 21 avril 2021 et renouvelé le 18 décembre 2024.

Autres structures et institutions culturelles

Aucune association ne correspond à votre recherche.