Retrobus a.s.b.l.
Bus 33

De Bus 33 aus dem Joer 1987, ass ee vun de leschte Vertrieder vum Modell Van Hool A120, déi un d'Eisebunn (CFL) geliwwert goufen. E Modell, deen zanter 1975 am Déngscht vun der CFL stoung an als "Flaggschëff" consideréiert gouf.

Eise Bus gouf am August 1987 an den Déngscht gestallt an ass déi folgend 10 Joer, bis zu senger Ofschreiwung am Joer 1997, op allen vun der CFL bedéngten Linnen gefuer. Domat ass en praktesch am ganzen Grand-Duché aktiv gewiescht.

Nom Austrëtt aus der CFL Busflott, huet Nummer 33 en neit doheem bei der Firma "Autobus du Genval" fir ronn 10 Joer fonnt. Duerno, war hie vun enger privater Persoun ofkaaft ginn an sollt an een Camper ëmgebaut ginn. Dëse Projet gouf ni ëmgesat an d'Gefier ass op engem Site ofgestallt ginn.

Am September 2014, gouf de Bus 33 duerch Zoufall entdeckt.

E Member vun eisem Comité huet an engem Facebook Grupp Fotoen vun dësem Bus fonnt. Nummer 33 stoung also zu Baudour, bei Mons an der Belsch! Den Zilfilm, op dem Stied wéi "Déifferdeng" oder "Réimech" stoungen, hu keen Zweiwel méi opkomme gelooss: dat ass e Bus aus Lëtzebuerg. Aus dem Wonsch eraus de Bus nees op Lëtzebuerg ze huelen, gouf de Veräin RETROBUS a.s.b.l. gegrënnt. Den 8. Januar 2015 wor et dann esou wäit, an de Bus 33 koum nees op Lëtzebuerg. Am Moment steet d'Nummer 33 an enger Hal an waart op seng Restauratioun.

Méi Informatiounen : www.retrobus.lu

Agrément 2020/096 décerné par le comité du Fonds culturel national lors de sa réunion du 23 septembre 2020.