Musée Thillenvogtei Randschelt a.s.b.l.

Méi ewéi nëmmen e Musée!

De Musée Thillenvogtei empfänkt zënter 1991 Schoulklassen an aner Gruppen. Hei kënnen si eng Zäitrees an d'Joer 1900 maachen an den haarden Alldag vun eise Virfaren erliewen. De Musée ass 2015 op Randschelt geplënnert a beräichert zënterhier d'Kultur vum klengsten Duerf vu Lëtzebuerg.

Nëmmen ongär hu mir Visiteuren déi just kucke kommen. Bei eis sollen d'Leit och upaken, probéieren a schmaache kënnen. Dofir kënnen si tëschent verschiddenen Ateliere wielen, wéi Brout baken, Schoul wéi fréier, Holzatelier, Hausarbiicht (mat Eisekuch baken), Spillen wéi fréier an och saisonale Programmer, wei fir Ouschteren oder fir Kleeserchersdag an de Gromperen- a Viz Programm am Hierscht.

Plus d'informations sur www.thillenvogtei.lu

« Agrément 2021/107 Musée Thillenvogtei » décerné par le comité du Fonds culturel national lors de sa réunion du 15 juillet 2021.