Kulturhuef zu Gréiwemaacher - Kultur héich 3
Activités culturelles

Musée Kino Bistro

Am Joer 2000 krut dat fréiert Schluechthaus zu Gréiwemaacher ënnert dem Numm „Kulturhuef"
eng nei Missioun déi sech em d'Dräiergespann Kultur, Patrimoine an Inclusioun dréint.


De Projet huet sech mat enger kultureller Offer entfaalt, déi een um nationale Plang esou nëmmen
eemol fënnt: e Musée mat 2 permanenten Ausstellungen, e Kino mat engem villsäitege Programm
an e Bistro mat grousser Terrass fannen hier Platz direkt un der Musel am Häerz vun der
Groussregioun.


De Kulturhuef Musée steet vun Ufank un am Zeeche vun engem liewege Patrimoine awer och am
permanente Floss vum Progrès.


D'Ausstellung Jean Dieudonnée fokusséiert den nationale Patrimoine duerch d'Geschicht vun der
Spillkaartemanufaktur vun der Famill Dieudonné zu Gréiwemaacher. Dës flott Ausstellung
faszinéiert Grouss a Kleng.


D'Ausstellung Gutenberg Revisited ass 2018 komplett nei amenagéiert ginn a behandelt
d'Geschicht vum Buchdrock mat villen neien Objeten, enger iwwersiichtlecher Timeline an Texter
an dräi Sproochen. Och an dëser Ausstellung gouf op Interaktivitéit gesat an de Visiteur ka selwer
eng multisensoriell Erfarung vun engem Drécker maachen an op enger vun den 2 historeschen
Handpressen e Souvenir drécken a mat heem huelen. Dës Ausstellung evoluéiert och weiderhin
an d'Visiteure kënnen sech 2021 och op nei Guidagen a Sprooch a Verständnis extra op eis kleng
Visiteuren adaptéiert an op dräi nei Statioune freeën.


De Kulturhuef Musée gesäit seng Missioun an dem Schaffe vun engem kulturelle Raum fir
jiddwereen, dofir ass de Musée säit sengem Bestoe gratis an all sonndes gi gratis guidéiert Visitten
duerch eng vun den zwou Ausstellungen organiséiert. Och Ateliere fir Kanner an Erwuessener mat
soziale Präisser ginn als Deel vun der pedagogescher Missioun vum Musée ugesinn. Weiderhi
gesäit de Musée d'Schaffe vun enger Plattform fir Kënschtler als integralen Deel vu senger
musealer Missioun. D'Wierker aus dëse Residenze ginn am ExpoCube vum Musée ausgestallt an
de Visiteur huet d'Geleeënheet de Kënschtler beim Schaffen iwwert d'Schëller ze kucken a mat
hinnen an d'Gespréich ze kommen.


De Kulturhuef Musée interagéiert als Deel vum Netzwierk vun de 7 Muséeën am Miselerland an
organiséiert all Joer e flotte Programm fir d'Luxembourg Museum Days mat. Och am Netzwierk
vun de Lëtzebuerger Muséeën an beim internationalen Netzwierk AEPM ass de Kulturhuef
vertrueden.


Mir freeën eis natierlech iwwert all finanziell Ënnerstëtzung, duerch déi mi kënnen déi grouss Offer
a permanenten Evolutioun vum Kulturhuef Musée weiderfeieren.

« Agrément 2021/104 Kulturhuef » décerné par le comité du Fonds culturel national lors de sa réunion du 21 avril 2021.