Harmonie Kleinbettingen
125e Anniversaire

D'Klengbettener Musek ass am Joer 1894 gegrënnt ginn.

Si besteet haut aus 50 aktive Musekanten a gëtt zënter 2001 vum Rob Köller dirigéiert.

De Repertoire dee gespillt gëtt läit virun allem am Beräich vu moderner Musek - Rock, Pop, Swing, asw. Fir besonnesch Uläss gëtt de Programm natierlech adaptéiert.

D'Klengbettener Musek spillt eng Rei Concerten iwwert d'Joer. Am November spillt se hire Gala-Concert deen all Joer ënnert engem aneren Thema steet, a wou meeschtens och emol extern Artiste, wei Sänger oder Dänzer matwierken. Mat hirem Repertoire vu Chrëschtmelodien ass d'Harmonie Klengbetten dann och um Enn vum Joer op ville Chrëschtmäert present.

Viru 4 Joer ass och erëm eng al Traditioun opliewe gelooss ginn, an zwar gëtt am Mäerz Theater gespillt.

Zu Stengefort organiséiert d'Musek zesummen mat der Gemeng Ufank September all Joer den "Dag um Weier", e Konscht- an Hobbyhandwierkermaart.

2019 gëtt dann den 125. Anniversaire gefeiert.

De Festprogramm gesäit esou aus:

  • 8. Juni: Bedeelegung un der Aweiung vun enger Skulptur am Zentrum vu Klengbetten mat der Opféierung vun der "So vun der Lousereng"
  • 26. September: Déckkäpp
  • 27. September: Offiziell Feierlechkeeten vum Anniversaire
  • 28. September: Optrëtt vun der Hunneg-Strëpp, enger klenger Formatioun vu jonke Musekanten aus der Klengbettener Musek, zesummen mat bekannte Lëtzebuerger Artisten
  • 29. September: Concert-Aperitif vun der Stengeforter Musek, Lumaband, Olympiad vun den Tutebattien, Concert d'honneur offréiert vun der UGDA, gespillt vun der Escher Stadmusek
  • 5. Oktober: Concert vun der Bouneweger Musek
  • 6. Oktober: "Journée des Anciens" mat Concert vun der Märeler Bigband
  • 15. November: Concert d'anniversaire ënnert dem Thema "Musikalesch Zäitrees"

Agrément n° 2018/070 décerné par le comité directeur du Fonds culturel national lors de sa réunion du 12 mars 2019.