Fanfare Concordia Hupperdange
Activités culturelles

Am August 1966 ass de Wonsch, eng eegen Duarefmusik ze han, van verschiddenen Hëpperdanger Männer an d´Realitéit emgesatt gien. No vill Geplangs an der Schmëtt guff definitiv beschloss, e Veräin ant Liäwen ze rôufen.

De 15. Oktober 1966 giuf eng iischt Versammlung agerôuf, wou een provisorischen Comité gegrennt guf fir sech mat der Organisatioun van enger Musik ze befaassen.

Als Dirigent konnt mat dem Här Arthur Schoentgen, een Militärmusiker gewonne gien, fir denen neien Musikanten d´Nouten bäi ze brengen. Den 12. November 1966 wor di ischt Musiksprouw am Schullsall. D´Statuten van der Hëpperdanger Musik gufen an der ischter Generalversammlung, den 28. Dezember 1966 ausgeschaft. Et guf een definitive Comité opgesat an de Veräin konnt lassleen.

Deen ischte Optrëtt van eiser Musik woer den 9. Aprëll 1967 am Sall Sontag zu Hëpperdang an op Kirmessonndig wor d´Musik suweit, dat si den Hämmelsmarsch durrigt Duaref spille konnt gon.

Et guf engt ganzt Jôr geprouft, bis am Aprëll 1968 deen ischte "Concert" gespillt guf. An deem Joër woren di ischt Optrëtter van deer junker Musik op anneren Diärfer bei verschiddenen Cortègen. Am Joër 1969 woren du mi Sortien an d´Musik hat deen ischte komplette Concert gespillt.
Deen ischte Fiändel krusch eis Musik am Juli 1971. Zu deem Zäitpunkt woren 33 aktiv Musikanten an 3 inaktiv Memberen am Veräin. Den 12. Juni 1973, Pingstdasdig, wor déi ischt Bedeeligung aan der Sprangprozessioun zu Echternach, wu mer bis hokt all Jôr dobei woren. Am Hiärest 1973 guf di ischt Uniform bestallt an esou gung et goud gekleed op den Concour op Ettelbréck. Hei guff een 1er Prix avec distinction ereecht, wat fir dee junke Veräin een grussen Erfollig wor.

Am Juli 1976 gouf den 10. Geburtsdaag mat engem groussen Duarreffest gefeiert. 1981 wor eisen iischten Optrëtt mat engem Concert op der Place d´Armes zu Lëtzeburrig. De 15. Jubiläum van eisem Veräin gouf am Juli 1982 mat engem groussen Cortège duuricht Duaref, begleed van eisen Nopischveräiner, gefeiert. Chrëstdaag 1986 ha mir deen iischten Chrëstconcert an der Poorkiirch gespillt. Dëse Concert sollt zu enger schinger Traditioun gien, o wann en mëttlerweil am Centre Culturel stattfënt.
De sëlwer Jubiläum van eiser Musik gouf am Joër 1992 mat engem groussen Zeltfest gefeiert. Bei dëser Gelegenheet gouf o eisen neien Fiändel ageweiht. Sonndes, den 19. Juli woer een groussen Cortège mat der Bedeeligung van villen Nopischveräiner. Heibäi hat sech déi Hëpperdanger Musik o fir d´ischte Keier an hirrer neier Uniform présentéiert.

Geprouft gouf na ëmmer am Schullsall, deen fir an hannen ze kleng woer. Am Joër 2001 kruch d´Musik endlich een eegenen Prouwsall. Een neuen Hiichpunkt am Veräinslièwen sollt eisen Galaconcert gien, deen 2004 fir d´ischte Kéier organiséiert guff - deemols na als Fréijoërsconcert.
Am Joër 2017 guff den 50. Geburtsdaag mat villen Aktivitéiten gefeiert. Op engem Konveniat konnten mer am November 2016 vill fréier Kollegen an Frënn remgeseen wu dann o d´Feierlechkeeten lanceiert guffen. Enner anerem konnten mer zu Hëpperdang am Centre Culturel all eis Nopischveräiner begréissen an o d´Militärmusik hat fir eis een Concert offréiert. Den Galaconcert stung ënnert dem Motto "Eis Favoriten aus 50 Joër Hëpperdanger Musik" an den Lekt guffen den Musikanten hirr Favoriten présenteiert. Den Aafschloss vam Jubiläum guff om Beierfest 2017 gefeiert, wu Sonndes een groussen Cortège mat den Nopischveräiner an verschiddenen Riädden organiseiert guff.

Op dem Programm fir d´Zukunft stinn déi alljährig Sortien wi d´Faasicht, de Galaconcert, Hämmelsmarsch, Kirmesconcert, d´Sprangprozessioun zu Echternach an de Chrëstconcert. Selbstverständlich se mir dankbar fir all Invitatioun déi eis ereecht. Esou kannen mir duurcht d´ganzt Land weisen goen, datt o am Eislek goud Musik gemaat gëtt.

«Agrément 2023/126 Fanfare Concordia Hupperdange » décerné par le comité du Fonds culturel national lors de sa réunion du 22 février 2023