Comité Alstad asbl
Kulturell Aktivitéiten

1937 hu sech e puer Alstater Perséinlechkeeten mat Frënn vun der Alstad zesummefond, fir de Quartier ronderëm de Fëschmaart a besonnesch d'„Éimaischen", dat uralt Volleksfest, erëm opliewen ze lossen. Aus dësem „Organisatiouns-Comité fir d'Éimaischen" ass an de fofzeger Joeren de Comité Alstad entstan, deen nach haut, iwwer 80 Joer méi spéit, mat vill Freed an Iwwerzeegung schafft fir hieren aussergewéinleche Patrimoine an hier Traditiounen aus méi wéi 10 Joerhonnerten, z'erhalen.

Am Laaf vun de Joeren huet de Comité Alstad niewent sengem onermiddlechen Asaatz fir d'Erhalen vum historeschen an urbanisteschen Cachet vun der Alstad, och eng helle Wull kulturell a folkloristesch Aktiounen ënnerholl an allerlee ierden Objet'en, Bicher a Reproduktioune vun alle Stadpläng erausgin.

2018 huet de Comité Alstad dat 115 Joer alt Auerwierk aus dem Tuerm vun der Méchelskierch renovéieren gelooss, mat der Ënnerstëtzung vu ganz ville Sponsoren, dem FOCUNA, dem Service des sites et monuments nationaux an der Stad Lëtzebuerg. Zënter Januar 2019 dréiht dat Auerwierk elo am Agangsberäich vun der Méchelskierch.

Als nächst Aktioun léisst de Comité Alstad vu Studenten aus dem Lycée Technique des Arts et Métiers, "Péckvillercher" an der 3D-Technik entwéckelen. Well dës Aktioun och mat vill Onkäschte verbonnen ass, ass de Comité Alstad neess op finanziell Ënnerstëtzung ugewisen.

Agrément n° 2019/068 décerné par le comité directeur du Fonds culturel national lors de sa réunion du 12 février 2019 et renouvelé le 13 janvier 2021 portant désormais le n°2021/068.