Biergaarbechter-Musek Esch
100 Joer Biergaarbechter-Musek Esch

D'Biergaarbechter-Musek vun Esch ass den 8. Abrëll 1920 gegrënnt ginn an besteet aktuell aus 16 Musikanten, déi sech regelméisseg treffen fir zesummen an enger entspaanter Atmosphär Musik ze spillen. Außerdem si mär och op villen lokalen an traditionellen Sortien an Esch an Emgeigend am Asatz, well mär eis Leidenschaft fir Musik gären mat eisem Publikum deelen .

Och d‘Erhaalen vun den Traditiounen ass eis wichteg. Esou fannt dir eis zum Beispill all Joers op lokalen Festivitéiten wei der Escher Kavalkad, Nationalfeierdaag, um Kulturlaaf, Liberatioun- a Commémoratiounsdaag, Cérémonie an der Kierch Sacré Coeur fir Bäerbelendaag an Bäerbelendaag am Ellergronn. Zum Schluss vum Joer spille mär Concerten um Chrëschtmuart. Außerdem si mär all Joers zwee Weekender fir den Hämmelsmarsch ennerwee an spillen zwee Concerten zu Esch an der Cipa. Och däerfe mär eis iwwert aussergewéinlech Invitatioune freeën wei dëst Joer en Concert op der Place Boltgen zu Esch fir den Syndicat d'Initiative.

Well eis Musik am Joer 2020 100 Joer kritt, hunn mär en Organisatiounskomitee gegrënnt, dee ganz fläisseg mam Plangen vun den Festivitéiten am gaangen ass. Fir dass dëst eis gutt geléngt, géife mär eis iwwert all finanziell Ënnerstëtzung freeën.

Geplangt ass ennert anerem:
• eng Cérémonie d'ouverture
• Concerten mat lokalen, nationalen an internationalen Orchesteren
• eng Cérémonie de Clôture mat engem Concert d'Honneur offréiert vun der UGDA

Wann där méi iwwert eise Veräin wësse wëllt besicht eis op eiser Facebooksäit Harmonie des Mineurs Esch/Alzette oder op eiser Internetsäit http://bame.lu.


MAT ENGEM HÄERZLECHEN „GLÉCK OP" VUM ORGANISATIOUNSKOMITEE!

Agrément n°2019/084 décerné par le comité directeur du Fonds culturel national lors de sa réunion du 8 octobre 2019.