Wämper Musik
Saison 2022/23

Di Wämper Musik guff 1888 gegrënnt a besteet momentan aus 42 aktive Musikanten. Geprouft gëtt normalerweis Fregdes owes vun 20h00 bis 22h00 am Proufsall (2, am Eelerich zu Wäiswampich). Eise Galaconcert ass ëmmer den zweeten Samsdig am Januar am Centre culturel zu Wäiswampich.

Niäwent dem Galaconcert spille mir awer och Concerts am Hiärrest, Fréijoer bis Mëtt Juli. Mir begleeden kirchlich Feierlichkeeten wéi d'Cäciliemass, d'Kommioun an d'Kirmesprossessioun, spillen den Hämmelsmarsch anlässlich der Kirmes, bedeeligen eis an der 1. Mee-Feier an bei der Organisatioun vam Wämper Lof a Wämper Triathlon.

Zënter 2011 ass den Här Alexandre Brisbois Dirigent van eiser Musik.

Programm 2022/2023

2022

November

Samsdes, den 12.11.2022 Cortège St. Martinsfeier
Samsdes, den 26.11.2022 Cäecilienmass

2023

Januar

Samsdes, den 14.01.2023 Gala-Concert

Abrëll

Samsdes, den 01.04.2023 Fréijorsconcert
Sonndes, den 30.04.2023 Kommioun

Mai

Mondes, den 01.05.2023 Maikranz

Juni

Samsdes, den 04.06.2023 Kirmes Holler/Bënzelt
Samsdes, den 17.06.2023 Hämmelsmarsch ze Wampich
Sonndes, den 18.06.2023 Donatusprozessioun ze Wampich a Mëttes Kirmesconcert
Donnesdes, den 22.06.2023 Fackelzuch

August

Samsdes, den 06.08.2023 Kirmes zu Bréidelt
Samsdes, den 19.08.2023 Wämper Triathlon & Wämper Lof
Sonndes, den 20.08.2023 Wämper Triathlon & Wämper Lof

Méi Informatiounen zur Wämper Musik op: www.facebook.com/WeiswampachMusek/


L'agrément n°2018/056 décerné par le comité directeur du Fonds culturel national lors de sa réunion du 16 octobre 2018 et renouvelé le 23 septembre 2022 et le 17 octobre 2022 portant désormais le n°2022/056.