Mierscher Kulturhaus
Pätteren a Giedelen fir de CAKU-Kannerprogramm gesicht

Gitt Pätter a Giedel, déi eise Caku'sprogramm, e spézialiséierte Kannerklulturprogramm, begleeden.

Un all „Pätter a Giedelen“ déi  et scho sinn a wëlle bleiwen, an déi déi et gäre ginn. Fir eise CAKU, e spezialiséierten Kannerkulturprogramm wou Theater-Danz-Musek a Matmachprojeten ze entdecke sinn, brauche mer erëm är Hëllef.

Zenter laangem kommen vill Bekannter an Onbekannter bei eis ob Miersch fir kleng a krouss Kanner tëschent 2 an 12 Joer, a natierlech doriwwer eraus, hir Konschtstécker ze wéissen.

Dorënner woren de klenge Kinneck Dezember, de Rumpelstilzchen, de Babar, d’Prinzessin op der Ierbs, déi well Kärelen, de Pabéier dee sange konnt, d’Schildkröt déi Geburtsdag hat, de Krafff an de Shivering, Päerd aus bloer Faarw an eng seeleche méi.

Vill stinn der nach virun der Dir, a fir all déi eminent Leit bei eis wëllkomm ze heeschen an eisem jonke Publikum, wéi zënter Joeren, en usprochsvolle kulturelle Programm an Atelieren  ze offréieren, ziele mer op Iech „CAKU’s Pätter a Giedelen“ an op är Ënnerstëtzung.

Net vergiessen: dir sidd häerzlech wëllkomm, an déi eng oder aner vun eise Virstellungen luussen ze kommen, fir Iech vun eise Caku’s Gäscht ze iwwerzeegen. Nieft eise Kënschtlergäscht kritt och Dir eng extra Plaz an eiser Broschüre fir Iech einfach wëlle Merci ze soen.