Bech-Berbuerger Musek
10. Gebuertsdag

Am September 2004 hun déi zwou Duerfmuseken, d'Becher Musek an d'Berbuerger Musek décidéiert zesummen ze musizéieren an verschidde Manifestatiounen zesummen oofzehalen.

An denen zwou Museken, déi allebéid schon 114, respektiv 117 Jar bestan hun, hat d'Zuel vun de Musikanten déi Jore virdrun staark ofgeholl. Zesummen kruten déi zwou Museken dunn nees ronn 40 Musikanten op d'Pult, a jidderen hat nees Spaass Musek ze machen. Duerch d'Zesummenaarbecht mat der UGDA's Museksschoul, déi vun do un zu Berbuerg organiséiert gouw, koumen vun do un Jor fir Jor nei jong Musikanten derbäi.

Déi zwee éischt Joren huet de Rob Koeller d'Direktioun iwerholl, den duerno den Dirigentestab un ee jonken Dirigent, de Patrick Yves Hengen iwerreecht huet, den de Veräin 11 Jar geleed huet.

Mam Ziel fir d'Jugendaarbecht am Veräin ze förderen gouw  2006  och de Jugendensembel Pink Notes gegrënnt, de mat 15 jonke Musikanten ugefang huet, an haut em déi 25 Musikanten zielt.

2009 as aus denen zwee Veräiner, déi ganz flott zesumme geschafft hun, en neie Veräin gegrënnt gin: d'Bech-Berbuerger Musek, déi 2019 hieren 10. Anniversaire feiert.

D'Bech-Berbuerger Musek besteht aus bal 60 aktive Musikanten,  a prouwt all Donneschdeg vun 20.00 bis 22.00 Auer am Musekssall zu Berbuerg, 1, Schoulstrooss.

De Jugendensembel prouwt op der selwechter Plaaz och donneschdes, vun 18.45 bis 19.45 Auer.

D'Direktioun vun denen zwee Ensembelen huet den Dany Heuschend'Presidentin vum Veräin as d'Viviane Bohnenberger.

D'BBM spillt all Jar 2 grouss Concerten, e Chrëschtconcert an der Becher Kierch an e Fréijarsconcert am Centre Beaurepaire zu Berbuerg. Do derniewt kommen all déi traditionnell Manifestatiounen an denen zwou Gemengen an eng Rei kleng Concerten op Fester ronderem.

D'Themen vun de Fréijars-Concerten an denen 10 Jar waren:

  • 2008      Wakantanka, e Kannermusical
  • 2009      Sea World Fantasie
  • 2010      Circo del Mondo, alles ronderem den Zirkus
  • 2011      BBM goes British
  • 2012      BBM plays Walt Disney
  • 2013      BBM plays Big-Band Musik
  • 2014      BBM plays Best of Five
  • 2015      BBM plays  Popular Music
  • 2016      BBM plays Flight to the spheres
  • 2107      BBM plays Famous Movie Themes
  • 2018      BBM plays Mythen a Legenden

Saison 2018/2019

Am Kader vun 10 Jar BBM gin déi next Saison, niewend dem Chrëschtconcert an dem Fréijarsconcert eng helle Wull Manifestatiounen a Concerten ronderem de Gebuertsdag organiséiert. Ausserdem huet de Komitee e Fändel fir den jonke Veräin bestallt, den zesumme mat engem neie Musekssall am Mee 2019 ageweit get.

De genee Programm vun de Festlechkeeten kennt der nokucken ob eiser Home Page: www.bbm.lu

L'agrément n°2018/055 décerné par le comité directeur du Fonds culturel national lors de sa réunion du 16 octobre 2018, renouvelé le 23 septembre 2020 et le 17 octobre 2022 portant désormais le n° 2022/055.